Wat mécht eigentlech de Christophe Baustert?

De nächste Spiller an eiser Rubrik “Wat mécht eigentlech … ?“ ass de Christophe Baustert.

WEI ENG ROLL SPILLT DE BASKET AKTUELL AN DENGEM LIEWEN?
Mäi Jong spillt um BC Mess bei de Pré-Poussins. Ech féieren hien op den Training an ech gi seng Matcher kucken.

GEES DU REEGELMEISSEG MATCHER HEI AM LAND KUKEN? WA JO, WOUHIN AN WIE ENG EKIPPEN?
Nee. (Nëmmen mengem Jong seng Matcher)

VERFOLLEGS DU OCH INTERNATIONALE BASKET?
Ech kucke gär d’Highlights vun der NBA.

WAT SINN DENG BESCHT ERENNERUNGEN UN DENG BASKETKARRIÄR?
Ech sinn 3x Champion ginn. De Championstitel mat Zolwer war natierlech speziell well et deen 1. (a bis elo eenzegen) fir Zolwer war. De Champion 2008 mat der Sparta war och immens. Et war meng läscht Saison a mir haten eng spannend Serie géint Ettelbréck an der 1/2 Final an hunn dono géint d’Musel Pikes an der Final gewonnen.

WIEN WAR DEE BESCHTE LËTZEBUERGER SPILLER GEINT DEENS DU GESPILLT HUES?
Vill Spiller ware ganz gutt. Ech mengen de Sohrab an de Nelson hunn am meeschte gewonnen. (Ech sinn mir awer net sécher.) De Mike an de Ken konnte vun iwwerall treffen. (Do sinn ech mir sécher.) Ech hat d’Chance vill gutt Spiller an der Equipe ze hunn. Mam Luc Loesch war et ni langweileg. De Chris Wulff huet ëmmer 100% ginn, och op all Training. Awer och vill aner Spiller zu Zolwer an op der Sparta hu mech oft impressionéiert. Merci u si all fir déi flott Saison’en.

Wéider Artikel aus dëser Rubrik:
Alex Kugener –> Wat mécht eigentlech d’Alex Kugener ?
Frank Mangen –> Wat mécht eigentlech de Frank Mangen?
Peter Rajniak –> Wat mécht eigentlech de Peter Rajniak?
Manou Scholtus –> Wat mécht eigentlech de Manou Scholtus?
Luc Loesch –> Wat mécht eigentlech de Luc Loesch?
Bob Adam –> Wat mécht eigentlech de Bob Adam?

Par FLBB , le 13/05/2020 à 08:54