Wat mécht eigentlech de Mike Feyder?

De nächste Spiller an der Rubrik “Wat mécht eigentlech“ ass de Mike Feyder.

WEI ENG ROLL SPILLT DE BASKET AKTUELL AN DENGEM LIEWEN?
Ech sinn zënter e puer Saisonen Coach bei der Sparta. D’lescht Saison war ech Coach bei de Filles-Scolaires a wäert d’nächst Saison d’Cadetten vun der Sparta coachen. Ech sinn also no enger längerer Paus erëm zimmlech aktiv am Basket.

GEES DU REEGELMEISSEG MATCHER HEI AM LAND KUKEN? WA JO, WOUHIN AN WIE ENG EKIPPEN?
Ech ginn net oft Matcher kucken well ech de Weekend scho selwer Matcher coachen, a mer soss keng Zäit bleift fir aner Saachen ze maachen. Ech kucken awer reegelméisseg am Livestream bei verschiddene Matcher eran.

VERFOLLEGS DU OCH INTERNATIONALE BASKET?
Ech kucken vill NBA, e bësse College (March Madness), international Jugendmatcher (FIBA) vun de Meedercher um Youtube, an heiansdo WNBA.

WAT SINN DENG BESCHT ERENNERUNGEN UN DENG BASKETKARRIÄR?
Ech well elo keen hei langweilen mat all deene Geschichten um an ronderëm den Terrain, mee et sinn der ganz vill un déi ech positiv Erënnerungen hunn. Champion mat Contern, Coupe mat der Sparta, méin éischte Match als Profi mat Pepinster zu Alost, Spiller vun de klenge Länner zu Lëtzebuerg 1995, den ISF World Championship zu Izmir (Türkei), USA asw…an natierlech all déi Leit mat deenen een ze dinn hat an elo nach kennt.

WIEN WAR DEE BESCHTE LËTZEBUERGER SPILLER GEINT DEENS DU GESPILLT HUES?
Do geet et mer wéi deenen anere Spiller och, dat ass schwéier ze beäntweren. Méi Kader géif esou ausgesinn: Marc Schiltz, Nelson Delgado, Jean-Nicolas Goergen, Ricky Wohl, Jean Kalmes, Ken Diederich, Sohrab Ziai, Serge Maes, Bob Adam, Luc Loesch, Mike Wolter, Erni Gruskovnjak, Robi Horsmans, Pierre Backes, Serge Hetto, Fernand Colbach, Marc Haentges, Pierre Boever, …

Wéider Artikel aus dëser Rubrik:
Alex Kugener –> Wat mécht eigentlech d’Alex Kugener ?
Frank Mangen –> Wat mécht eigentlech de Frank Mangen?
Peter Rajniak –> Wat mécht eigentlech de Peter Rajniak?
Manou Scholtus –> Wat mécht eigentlech de Manou Scholtus?
Luc Loesch –> Wat mécht eigentlech de Luc Loesch?
Bob Adam –> Wat mécht eigentlech de Bob Adam?
Christophe Baustert –> Wat mécht eigentlech de Christophe Baustert?

Par FLBB , le 21/05/2020 à 11:01