Wat mécht eigentlech de Sohrab Ziai?

De nächste Spiller an eiser Rubrik “Wat mécht eigentlech … ?“ ass den Sohrab Ziai.

WEI ENG ROLL SPILLT DE BASKET AKTUELL AN DENGEM LIEWEN?
Momentan keng grouss Roll. Ech maachen selwer nach vill Sport mä eben kee Basket méi. A meng Meedercher sinn an engem Turnveräin sou dass ech och lo net duerch si de Wee zeréck an d‘Basketswelt fonnt hunn.

GEES DU REEGELMEISSEG MATCHER HEI AM LAND KUKEN? WA JO, WOUHIN AN WIE ENG EKIPPEN?
Ech sinn des Saison 2-3 Matcher vu mengem Schwoer (Brian Carroll) senger Ekipp kucke gaangen. Mir hunn och des Ëfteren probéiert eis mat fréiere Spiller op engem Sparta’s Match ze treffen, mä hunn et iergendwéi ni fäerdegbruecht. Nächst Saison wäerte mer awer erëm e Versuch starten well jo och eisen ale Kapitän Chris Wulff do als Co-Trainer engagéiert ginn ass. Ech si mer zimmlech sécher dass hien mat senger Erfarung an Astellung der Ekipp vill wäert weiderhëllefen fir erëm ganz uewen matzespillen.

VERFOLLEGS DU OCH INTERNATIONALE BASKET?
Ech kucke mer ab und zu Resultater an News aus der NBA un, mä ech stinn awer lo nuets net op fir e Match live ze kucken. 🙂

WAT SINN DENG BESCHT ERENNERUNGEN UN DENG BASKETKARRIÄR?
Där gin et der ganz ganz vill. Ech haat d’Chance 5 Mol Champion ze ginn an 2 Mol d’Coupe ze wannen. All Titel hat seng eege Geschicht. 1998 sin och op de Racing gewiesselt an mir hunn iwwert ganz Saison am Championnat just 2 Mol géint Hiefenech verluer a sinn verdéngt Champion gin. Daat war ganz speziell well et eben och mäin éischte Championstitel bei den Hären war an mir eng super Ekipp um an ausserhalb vum Terrain haten. 2000 war en Titel mat engem ganz battere Nogeschmaach well wärend der Saison eisen deemolegen Trainer Pedro Rajniak ganz onerwaart verstuerwen ass an mir eis als Ekipp, zesummen mat sengem Jong Martin Rajniak, gerappt kritt hun fir awer nach den Championstitel ze wannen. Dat war schonn ganz speziell an emotional. Dunn sin ech 2004 zeréck op d’Sparta gewiesselt mam Ziel fir matzehëllefen no 18 Joer mol erëm e Championstitel op Bartreng ze bréngen. Daat huet dann och direkt daat éischt Joer geklappt an bis 2008 sin der nach 2 dobäi komm. Di Stëmmung an Euphorie an deene Joren zu Bartreng, den Zesummenhalt an der Ekipp an innerhalb vum ganze Verain waren genial an fir mech eng onvergiesslech Zait.
Mä och aus den Jugendekippen an ausserhalb vum Terrain bleiwen grad souvill schéin Erënnerungen an Frëndschaften fir d’Liewen.

WIEN WAR DEE BESCHTE LËTZEBUERGER SPILLER GEINT DEENS DU GESPILLT HUES?
Ech zielen lo hei net all meng laangjäreg Matspiller op soss gëtt d’Lëscht ze laang. Di bescht Spiller waren nämlech meeschtens a mengen eegene Reien.
Waat meng Géigespiller ugéet a wann ech iwwert meng ganz Karriär kucken, hate mer et an den entscheedende Matcher emmer erëm mat der Etzella ze dinn …an do war de Nelson Delgado duerch seng Spillintelligenz an Konstanz ganz schwéier ze stoppen. Mä och de Mike Feyder, Marc Schiltz, Ken Diederich, Yves Braun, Mike Wolter, Alain Marchetti, Gilles Becker an Guy Schmit waren Top-Spiller an onangenehm Géigner. De Schumi, Frank Muller an Samy Picard waren nach ganz jonk wéi ech opgehalen hun, mä et konnt een schonn deemols hiert grousst Talent erkennen an daat hun si jo och di Joren drop ënner Beweis gestallt.

Wéider Artikel aus dëser Rubrik:
Alex Kugener –> Wat mécht eigentlech d’Alex Kugener ?
Frank Mangen –> Wat mécht eigentlech de Frank Mangen?
Peter Rajniak –> Wat mécht eigentlech de Peter Rajniak?
Manou Scholtus –> Wat mécht eigentlech de Manou Scholtus?
Luc Loesch –> Wat mécht eigentlech de Luc Loesch?
Bob Adam –> Wat mécht eigentlech de Bob Adam?
Christophe Baustert –> Wat mécht eigentlech de Christophe Baustert?
Mike Feyder –> Wat mécht eigentlech de Mike Feyder?

Par FLBB , le 27/05/2020 à 18:18