Wat mécht eigentlech de Nelson Delgado?

De nächste Spiller an der Rubrik „Wat mécht eigentlech …?“ ass de Nelson Delgado, deen seng Karriär an der éischter Ekipp 2017 no 20 Joer op der Etzella ofgeschloss huet an ouni Fro zu de beschte Lëtzebuerger spiller zielt, déi hei am Land gespillt hunn.

Wéi eng Roll spillt de Basket momentan an dengem Liewen? Wéi stark bass du nach an der Basketszen aktiv?
Den Basket spillt nach eng ganz grouss Roll an mengem Liewen. Als Assistant Coach sinn ech vill an der Hal. Weekend sinn ech och vill an Halen vu que dass meng Kanner och spillen an ech spillen selwer och nach Senior B.

Du bass nach net esou lang net méi als Spiller aktiv, wéi ass dir deen Emschwong gelong an vermëss du d’Spillen net?
Den Ëmschwong ass mir gutt gelongen. Ech genéissen Zäit mat meng Famill. Ech maachen Fitness an gi lafen. Natierlech vermëssen ech d’Spillen, zemools wann Matcher enk sinn.

Gees du niewent de Matcher vun der Etzella, wous du jo Assistant bass, nach aner Matcher kucken hei am Land? Wann jo, wéi eng an wouhin?
Nee, ech gi keng aner Matcher kucken. Sinn frou wann ech owes doheem sinn, well meeschtens sinn ech ganzen Dag mam Basket ënnerwee. Ech kucken vill live stream an Replay well ech Matcher scouten.


Verfollegs du och internationale Basket? Wann jo, wei eng Ligen an wéi intensiv?

Ech verfollegen d’NBA. Stinn awer net an der Nuecht op fir Matcher ze kucken, ausser vläicht Finalen.

Hues du een oder e puer Momenter aus denger Karriär, déi dir besonnesch an Erënnerung sinn an bleiwen?
Ech hunn immens vill schéin Momenter duerch den Basket gehat. Déi bescht Erënnerung bleift awer den Champion 1999 awer och mäin Ofschloss-Match mat fréierer Matspiller an Géigner.

Wéieng letzebuerger Spiller waren déi bescht géint deis du an deenen 20 Joer gespillt hues?
Joker😂. Wanns du 21 laang gespillt hues, ass et bal onméiglech een Spiller raus ze picken. Am Ufank vun menger Karriär wär dat Bob Adam, Mike Feyder, Marc Schiltz,… Duerno Tim Giver, Ken Diederich, Guy Schmit,… déi lescht 10 Joren Schumi (Tom Schumacher), Samy Picard, Christopher Jones,… Et krut een vun kengem eppes geschenkt😃

Wéider Artikel aus dëser Rubrik:
Alex Kugener –> Wat mécht eigentlech d’Alex Kugener ?
Frank Mangen –> Wat mécht eigentlech de Frank Mangen?
Peter Rajniak –> Wat mécht eigentlech de Peter Rajniak?
Manou Scholtus –> Wat mécht eigentlech de Manou Scholtus?
Luc Loesch –> Wat mécht eigentlech de Luc Loesch?
Bob Adam –> Wat mécht eigentlech de Bob Adam?
Christophe Baustert –> Wat mécht eigentlech de Christophe Baustert?
Mike Feyder –> Wat mécht eigentlech de Mike Feyder?
Sohrab Ziai –> Wat mécht eigentlech de Sohrab Ziai?

Par FLBB , le 31/05/2020 à 17:52