Wat mécht eigentlech d’Rachel Wagener?

Nächste Spillerin an der Rubrik “Wat mécht eigentlech … ?“ ass d’Rachel Wagener.

WEI ENG ROLL SPILLT DE BASKET AKTUELL AN DENGEM LIEWEN?
De Basket interesséiert mech natierlech nach ëmmer well ech de Sport einfach flott fannen an duerch mäi Papp nach vill matkréien. Meng zwee Bouwen spillen och lo bäi deenen Klengen. Ganz ouni geet et also net:)

GEES DU REEGELMEISSEG MATCHER HEI AM LAND KUKEN? WA JO, WOUHIN AN WEI ENG EKIPPEN?
Ech ginn nach heiansdo op Diddeleng de Basket kucken. An och deelweis wichteg Auswäertsmatcher mee net méi sou reegelméisseg wéi soss. D‘Weekender notzt een dann als Famill awer oft anescht.

VERFOLLEGS DU OCH INTERNATIONALE BASKET?
Nee guer net. Dat Lescht wat ech lo gekuckt hunn war ‚The Last Dance‘ vum Michael Jordan op Netflix.

WAT SINN DENG BESCHT ERENNERUNGEN UN DENG BASKETKARRIÄR?
Do ginn et der vill. Eng vun deene schéinsten ass natierlech de Championstitel 2009, mir haten deemools deen 1. Match an der Halleffinal zu Ettelbreck verluer an keen huet nach richteg mat eis gerechent. Dunn an der Final déi lescht Sekonn ze gewannen war einfach genial. Ech denken gaer dorun zréck.
Ech hat awer och ganz schéin Moment mat der Nationalekipp, wou mer zemools mat der U18 eng flott Ekipp haten an bis haut schéin Erënnerungen a Frëndschaften bliwwe sinn.

Wien sinn déi beschte lëtzebuerger Spillerinnen gewiercht, géint déis du an all de Joren gespillt hues?
Schwéier soen:) ech géing mol einfach zwou Ekippen nennen: Walfer a Musel Pikes. Géint déi war et ëmmer schwéier, well se eng gutt Ekipp haten, Halen an deenen et schwéier ze spille war an mer oft verluer hunn:)

Wéider Artikel aus dëser Rubrik:
Alex Kugener –> Wat mécht eigentlech d’Alex Kugener ?
Frank Mangen –> Wat mécht eigentlech de Frank Mangen?
Peter Rajniak –> Wat mécht eigentlech de Peter Rajniak?
Manou Scholtus –> Wat mécht eigentlech de Manou Scholtus?
Luc Loesch –> Wat mécht eigentlech de Luc Loesch?
Bob Adam –> Wat mécht eigentlech de Bob Adam?
Christophe Baustert –> Wat mécht eigentlech de Christophe Baustert?
Mike Feyder –> Wat mécht eigentlech de Mike Feyder?
Sohrab Ziai –> Wat mécht eigentlech de Sohrab Ziai?
Nelson Delgado –> Wat mécht eigentlech de Nelson Delgado?

Par FLBB , le 02/06/2020 à 13:21