Wat mécht eigentlech d’Carine Cigrang?

Déi nächst Spillerin an der Rubrik “Wat mécht eigentlech …?“ ass d’Carine Cigrang, Ex-Spillerin vun de Musel Pikes.

WEI ENG ROLL SPILLT DE BASKET AKTUELL AN DENGEM LIEWEN?
Den Basket spillt nach ëmmer eng Roll an mengem Liewen, natierlech vill manner wéi soss. Ass och mengen ech iergendwéi normal, wann een sou laang gespillt huet, dass een ouni bal net kann:-)
Gin alt nach bëssi um neisten Stand gehale vum Cathy an aneren aus der Ekipp, a sinn och déi lescht Saisonen een mol d’Woch souwäit et méiglech war bei d’1. Ekipp vun eisen Damen trainéieren gaange.

GEES DU REEGELMEISSEG MATCHER HEI AM LAND KUKEN? WA JO, WOUHIN AN WEI ENG EKIPPEN?
Souwäit et méiglech ass, ginn ech d‘Heemmatcher vun eise Damen kucken, d‘Härenmatcher ginn ech manner oft kucken well mir eis Doheem ofwiesselen fir op Kanner opzepassen, sou kann dann den Guy eis Hären kucken goen 🙂 Auswäerts ginn ech just wichteg Matcher kucken.

VERFOLLEGS DU OCH INTERNATIONALE BASKET?
Internationale Basket verfollegen ech weider net. Wat ech alt all Joers bëssi kucken ass “March Madness“.

WAT SINN DENG BESCHT ERENNERUNGEN UN DENG BASKETKARRIÄR?
Schéin Erënnerungen sinn natierlech all Coupefinallen , an Championsfinallen, déi mer gewonnen hunn, déi wäert een ni vergiessen:-)
Een Match wäert mer ëmmer an Erënnerung bleiwen, dat war mäin éischt Joer Damen, wou mir eng ganz jonk Ekipp haten, an wou et op deen leschten Match géint Esch ukomm ass fir net aus der National 1 ze falen, wou mer schlussendlech knapps gewonnen hunn.

Wien sinn déi beschte lëtzebuerger Spillerinnen gewiercht, géint déis du an all de Joren gespillt hues?
Et goufen eng Rei gutt Spillerinnen, fir mech zielt eng ganz Ekipp, an net nëmmen eng Spillerin.
Ech hunn ni gären géint Walfer gespillt an schonn guer net zu Walfer:-)

Wéider Artikel aus dëser Rubrik:
Alex Kugener –> Wat mécht eigentlech d’Alex Kugener ?
Frank Mangen –> Wat mécht eigentlech de Frank Mangen?
Peter Rajniak –> Wat mécht eigentlech de Peter Rajniak?
Manou Scholtus –> Wat mécht eigentlech de Manou Scholtus?
Luc Loesch –> Wat mécht eigentlech de Luc Loesch?
Bob Adam –> Wat mécht eigentlech de Bob Adam?
Christophe Baustert –> Wat mécht eigentlech de Christophe Baustert?
Mike Feyder –> Wat mécht eigentlech de Mike Feyder?
Sohrab Ziai –> Wat mécht eigentlech de Sohrab Ziai?
Nelson Delgado –> Wat mécht eigentlech de Nelson Delgado?
Rachel Wagener –> Wat mécht eigentlech d’Rachel Wagener?

Par FLBB , le 13/06/2020 à 08:48