Wat mécht eigentlech den Gilles Becker?

De nächste Spiller an der Rubrik ass de Gilles Becker.

1. WEI ENG ROLL SPILLT DE BASKET AKTUELL AN DENGEM LIEWEN?
Am Moment hunn ech meng Ekipp doheem em déi sech gekëmmert gëtt, do bleift net méi vill Zäit, fir sech nach em Basket ze këmmeren. Natierlech interesséieren ech mech nach fir de Lëtzebuerger Basket an d’News déi ee matkritt, mee ass awer éischter just sporadesch.

2. GEES DU REEGELMEISSEG MATCHER HEI AM LAND KUKEN? WA JO, WOUHIN AN WEI ENG EKIPPEN?
Et ass scho laang hir datt ech e Match kucken war, zum engen well d’Zäiten owes em 20:30 net onbedéngt kandgerecht sinn (17h00 Sonndes zu Ettelbréck ass och schwéier, well ee jo Sonndes och alt mol eppes geplangt huet) mee zum aneren och well d’Entréespräisser immens héich sinn. Dofir kucken ech dann éischter e Match op der Telé oder um Stream, mee net reegelméisseg.

3. VERFOLLEGS DU OCH INTERNATIONALE BASKET?
D’selwecht wéi mam Lëtzebuerger Basket, verfollegen ech éischter sporadesch den internationalen Basket, wéi z.Bsp. d’Bundesliga, NBA oder spueneschen Basket.

4. WAT SINN DENG BESCHT ERENNERUNGEN UN DENG BASKETKARRIÄR?
Titelen sinn natierlech ëmmer flott ze feieren, do hat ech jo d’Chance puer mol dobäi ze sinn. Mee och d’Kollegialitéit ënner de Spiller war super. Obwuel een sech um Terrain zerklappt huet – gell Yvi – konnt een sech no der Sireen d’Hand ginn, an et huet een een zesumme gedronk.
Mee och Zäit an der Jugend ass eng flott Erënnerung, och wann et mam Rick Brooks deemools net ëmmer flott war, war et awer eng Schoul fir d’Liewen, wou een geléiert huet sech duerch ze setzen an ze kämpfen.
A meng 2. lescht Saison zu Contern, mam Marco Amelow, dat ass och wuel eppes wat ech ni wäert vergiessen, am Fong just de Contraire vum Rick, mee awer erfollegräich…

5. Wien sinn déi beschte lëtzebuerger Spillerinnen gewiercht, géint déis du an all de Joren gespillt hues?

Am schwéiersten war et ëmmer um Training, fir do géint den Nels ze raiberen, do war een heinsdo frou, wann et Weekend war an een et bessen méi einfach hat.

Bei de Géigner war et dann den Tom Schroeder (waat ass dee gerannt), de Ken, de Bob a speider de Frank Müller an den Schumi.

Wéider Artikel aus dëser Rubrik:
Alex Kugener –> Wat mécht eigentlech d’Alex Kugener ?
Frank Mangen –> Wat mécht eigentlech de Frank Mangen?
Peter Rajniak –> Wat mécht eigentlech de Peter Rajniak?
Manou Scholtus –> Wat mécht eigentlech de Manou Scholtus?
Luc Loesch –> Wat mécht eigentlech de Luc Loesch?
Bob Adam –> Wat mécht eigentlech de Bob Adam?
Christophe Baustert –> Wat mécht eigentlech de Christophe Baustert?
Mike Feyder –> Wat mécht eigentlech de Mike Feyder?
Sohrab Ziai –> Wat mécht eigentlech de Sohrab Ziai?
Nelson Delgado –> Wat mécht eigentlech de Nelson Delgado?
Rachel Wagener –> Wat mécht eigentlech d’Rachel Wagener?
Carine Cigrang –> Wat mécht eigentlech d’Carine Cigrang?
Tim Giver –> Wat mécht eigentlech den Tim Giver?

Par FLBB , le 17/06/2020 à 21:04